Community

am Startlokal

Brainplug

Marketing Agentur

Mir bidde kreativ Léisunge fir är Kommunikatiounsbesoinen. Ob online oder offline, mir starten ëmmer mat der Strategie an erstelle mat iech zesummen eng passend Kommunikatiounscampagne, déi är Ziler soll erfëllen, a virun allem och Spaass maache soll.

MÉI INFORMATIOUNEN

Blocknote Media

Media Agentur

Vun Ufank un oder matzendran, een eegene Logo, Charte Graphique oder konkrete Projet am Grafik-, Web-, Print-, oder Event-Beräich? Duerch eis villsäiteg Erfarung a verschiddene Beräicher kënne mir Iech mat Sécherheet beschtméiglech beroden an Är Iddien empathesch an effikass ëmsetzen.

MÉI INFORMATIOUNEN

Contentbox

Foto- a Videoproduktiounsfirma

Contentbox ass eng Foto-a Videoproduktiounsfirma fir PME’en. Contentbox bidd eng breed Palette u Servicer un, fir Firmen ze hëllefen, hir Visioun mat héichwäertege Biller ze verwierklechen. Hiert Zil ass et, aussergewéinlech Resultater an een onvergläichbare Service um Client ze bidden, fir de Message vun der Firma effikass ze vermëttelen.

MÉI INFORMATIOUNEN

Natur Beweegung Entwécklung

Établissement d’enseignement

Sech dobausse (nei) erliewen. Säit 2019 bidd NBE pedagogesch Aktivitéiten, Formatiounen, Outdoor-Teambuilding a Fräizäitaktivitéiten fir Privatpersounen ronderëm d’Thema Beweegung a Natur un.

MÉI INFORMATIOUNEN

Ledgertale

Web3

De neie Coworking am Norde bitt souwuel een Open Space, wéi och privat
Büroen. Mat top ekipéierte Meeting Raim, gëtt d’Startlokal.

MÉI INFORMATIOUNEN

Nordstad

SYNDICAT INTERCOMMUNAL NORDSTAD

Mir schaffen enk zesummen mat den 5 Nordstadgemengen (Bettenduerf, Dikrich, Ierpeldéng-Sauer, Ettelbréck an Schieren), fir d’Liewensqualitéit an der Nordstad ze verbesseren. Eise Fokus läit bei der Stad- a Wirtschaftsentwécklung, Fräizäit an Tourismus, Marketing an Kommunikatiounsberäich.

MÉI INFORMATIOUNEN